Viru Kuerzem hunn d'Bewunner mat hire Famillen, d'Amicale an d'Mataarbechter am Festsall vun der Résidence Op Lamp e puer lëschteg Stonnen um Wienerowend verbruecht. Vir déi gesanglech Ënnerhalung huet d'Diane JUCHEMS a Begleedung vun hirer Pianistin gesuergt. Et sinn virun allem Lidder vu Wiener Operette gespillt ginn. Et huet och net laang gedauert bis déi éischt Leit ugefaang hu mat Schunkelen a Matsange bei deene bekannte Melodien. Wéi dat sech gehéiert gouf vun der Kichen e leckere Wienerschnitzel mat Fritten zerwéiert an als Dessert Marillenkniddelen. D'Begeeschterung vun de Leit war grouss, sou dat ee vun engem gelongenen Owend schwätze kann.