Caecilienfeier beim Gesank am Syrdall

D'Chorallen Caecilia Moutfort-Medingen a Ste. Cécile Éiter-Schraasseg hu sech viru kuerzem zesumme fonnt fir d'Fest vun hirer Patréinesch ze feieren. An enger gemittlecher Wäistuff an der Miseler Géigend huet ee bei engem gudden Iessen e puer besënnlech Stonne verbruecht. Déi zwee Chéier wëllen och an Zukunft gemeinsam duerch Ënnerstëtzung mat Gesank a Lidder fir hir Poren an Dierfer aktiv sinn.