Geschicht(en) zu 125 Joer Chorale Caecilia Moutfort-Medingen.

Am Joer vum 125. Anniversaire vun der Chorale Caecilia Moutfort-Medingen war de 19. Oktober zu Éiter am Kulturzenter e Réckbléck mat Gesank a Geschichten op déi vergaangen Zäit.
Dësen Owend gouf zesumme mat den Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall organiséiert. D‘Chorale Ste. Cécile Éiter-Schraasseg huet bei der Opféierung matgewierkt.
Den Optakt gouf vun der Madame Rosemarie Cloos gemaach. Am Numm vum Gesank huet si all Gäscht häerzlech begréisst. Weider goung et mat engem geschichtleche Réckbléck iwwert déi vergaangen 125 Joer. De Jean-Paul Feilen huet hei am Numm vun de lokale Geschichtsfrënn eng Partie Ereegnesser aus dëser Zäit, souwuel aus eiser Géigend wéi och aus der weltlecher Geschicht ervir gehuewen.
Am Sënn vun der Zäitgeschicht hunn d’Sänger vun deenen zwou Chorallen zesummen eng Partie Lëtzebuerger Vollekslidder op eng flott Manéier duerbruecht. Den Dirigent Gérard Kieffer hat dee Programm mat passende Wierker zesumme gestallt, an den Organist Nico Klein huet dozou eng musikalesch Begleedung um Piano gemaach.
En weideren Héichpunkt vun Owend war déi flott Presentatioun vu Spiichten a Geschichten aus eiser Gemeng. Dës gemittlech Ronn, duergestallt bei engem Pättchen an der Stuff, gouf virgedroe vum Suzette Schmit-Lehnertz a vum Charles Reuter. Op humoristesch Manéier hunn si de Léit Episoden aus dem „Moutforter Petit-Beurre“ iwwert d‘Poaren, d‘Vereinsliewen an aus der Gemengenaktivitéit vun de leschten 125 Joer duerbruecht. Dës Zeitung, eng Chronik iwwert d’Geschicht vun der Chorale Caecilia Moutfort-Medingen, ass vun den Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall zesumme gestallt ginn. All Persoun am Sall huet och als Merci fir hire Besuch en Exemplar ausgehännegt kritt.
Bei engem gudde Pättche mat flotten Erënnerunge goung den Owend op en Enn.