D’Minsbecher Schoulkanner spenden 4.138 € fir d'ALD an d' ALAN »

Eisen traditionellen „Niklosmaart“ war och dëst Kéier e groussen Erfolleg. Wéi all Joer engagéiert sech eis ganz Schoul fir Sue fir de gudden Zweck ze sammelen. Wärend Woche gi Chrëschtdekoratiounen a Kaarte gebastelt a Kichelcher gebak, dëst fir se op eiser Niklosfeier ze verkafen. D’Kanner vum Cycle 1, 2 & 3.1 hunn, wéi all Joer, de Publikum mat Lidder a Gedichter begeeschtert. Duerno souzen d’Leit nach gemittlech bei Kaffi a Kuch zesummen – dës Kaffisstuff gouf och vun de Kanner organiséiert.

Nodeems eis Schoul d’lescht Joer de „Centre thérapeutique Kannerhaus Jean“ vu Bierg ënnerstëtzt hat, ass d‘Wiel dëst Joer op zwou Associatioune gefall: „Maison du Diabète“ (ALD) a „Maladies rares Luxembourg“ (ALAN)

Bei der Scheckiwwerreechung vum 12. Februar 2020 hunn dës 2 Associatioune mat Freed d’Schecke vu jeweils 2.069,- entgéint geholl. D’Madamm Paquet vun der ALD huet erzielt, datt si dës Suen a Summeraktivitéite fir déi betraffe Leit asetze wäerten an den Här Theisen vun der ALAN huet de Kanner ganz genau erkläert, wien d’ALAN ass a wéi si mat dëse Suen d’Famille vun hire Membren ënnerstëtze kënnen.

De Kanner gouf „Villmools Merci“ gesot fir hir Méi an hiert soziaalt Engagement. Den Här Buergermeeschter Jean-Paul Jost huet sech dësem Merci ugeschloss. Mat vill Freed hunn d’Kanner dunn de Scheck iwwerreecht.