Mam Emil vu Minsbech op Wien

Viru kuerzem hat d’Minsbecher Schoul op d’Presentatioun vum Kannerbuch „Den Emil fiert op Wien“ invitéiert.

Den Emil, ee couragéierte Petzi mat Weltmeeschtertitel aus der grousser Kollektioun vun der Mme Renée Hutmacher vun Iwwersyren, ass ënnerwee an d’Vakanz. Ganz alleng fiert hie bei seng Tata op Wien. Wivill Courage brauch een dach fir esou eng wäit Rees! Ënnerwee entdeckt den Emil munch kuriéis Saachen. A wat do alles ka schif goen…..

Dëst flott Buch ass dëser Deeg an der Minsbecher Schoul presentéiert ginn. Iwwer 80 Schoulkanner, zesumme mat hiren Enseignanten, hu bei der Illustratioun vum Emil senger Rees matgeschafft.

Mee dës Geschicht ass net just geduecht fir ze liesen oder virgelies ze ginn. Neen! Kanner wësse wat Bicher intressant mécht a si wollten e Buch, mat deem ee sech beschäftege kann. An esou si ganz vill Elementer vum Buch net agefierft a waarden drop vu sengem Lieser fäerdeg gemoolt ze ginn.

En Exemplar vun dësem flotte Wierk fënnt ee vun elo un a ville Bicherbuttiker.