De Pulcinella-Poppentheater spillt d’Stéck vum “Grüffelo”

De 6. Februar 2020 war de Pulcinella-Poppentheater op en Neits an der Minsbecher Schoul op Besuch. D’Précoce- an d’Cycle 1-Klasse kruten d’Geschicht vum « Grüffelo » virgespillt.

Eng clever couragéiert Maus trickst de Fuuss, d’Schlaang an d’Eil aus. An de Grüffelo ?

Deen ass dach fir ze fäerten, mat senge mofe Picken um Réck, der grénger Waarz op der Nues, senge laange Krallen an de feierrouden Aen !

D’Kanner hu matgeféiwert, ob déi schlau Maus dann och de Grüffelo uschmiere kann ?

Ganz um Enn konnten déi kleng Zuschauer erliichtert opootmen, dass der klenger gescheiter Maus näischt geschitt ass an d’Geschicht ass gutt ausgaang. Et ass eben net ëmmer dee Gréissten an dee Stäerksten, dee gewënnt.