Scheckiwwerreechung an der Schoul „An der Dällt“ zu Minsbech

3.150 € fir „d’Kannerhaus Jean“ zu Bierg

Fir eisen traditionellen „Niklosmaart“ engagéiert sech eis ganz Schoul fir Suen fir de gudden Zweck ze sammelen. Wärend Woche si Chrëschtdekoratiounen a Kaarte gebastelt a Kichelcher gebak ginn, dëst fir se op eiser Niklosfeier ze verkafen. Déi méi jonk Schüler woussten, wéi all Joer, de Publikum mat Lidder a Gedichter ze begeeschteren. Duerno konnten d’Leit nach gemittlech bei Kaffi a Kuch zesummesëtzen – och dës Kaffisstuff gouf vun de Kanner organiséiert.

Nodeems eis Schoul d’lescht Joer „d’Fondatioun Kriibskrank Kanner“ ënnerstëtzt hat, ass d‘Wiel dëst Joer op de „Centre thérapeutique Kannerhaus Jean“ vu Bierg gefall.

Dëse Service bitt Famillen an emotionaler a sozialer Nout eng therapeutesch a schoulesch Ënnerstëtzung un. E besonnescht Mierkmol vum Kannerhaus Jean ass d’Schaffe mat verschiddene Medien an der Therapie mat de Kanner, wéi z.B. Déieren, Konscht, Spillen, Poppespill etc. Eng aner Charakteristik ass d’Integratioun vun allen implizéierte Persounen, sou ginn et zum Beispill therapeutesch Consultatioune fir d’Familljememberen.

Bei der Scheckiwwerreechung vum 25. Mäerz 2019 hunn d’Madame Oth an den Här Garnie d’Wichtegkeet vun der Therapie mat Déieren (Päerd, Ieselen, Geessen...) ënnerstrach. Si hunn de Kanner „Villmools Merci“ gesot fir hir Méi an hiert soziaalt Engagement. Den Här Buergermeeschter Jean-Paul Jost huet sech dësem Merci ugeschloss. Mat vill Freed hunn d’Kanner dunn de Scheck iwwerreecht.