Schoul an der Dällt iwwereecht en Don un d’Fondatioun kriibskrank Kanner

De Cycle 1 iwwerreecht den Erléis vu senger Ausstellung Op modernem Wee zur Konscht un d’Fondatioun kriibskrank Kanner

Déi 8 Klassen aus dem Cycle 1 hate vum 5.-7.Juli 2018 zesummen eng flott Kënschtler-Ausstellung am Kader vum PDS organiséiert. All Klass huet dofir e Kënschtler méi genau ënnert d’Lupp geholl a Konschtwierker am Stil vum Kënschtler hiergestallt. Esou sinn Toillen a Biller aus Holz gemoolt ginn, awer och Dekoratioune fir de Gaart gemaach a Parzeläin bemoolt ginn.

D’Ausstellung vun de ronn 120 Kanner war gutt besicht an d’Konschtwierker séier verkaf. All Klass hat och e gemeinsaamt Konschtwierk gemaach, dat un de Meeschtbiddende versteet gouf.

Den Erléis vun dëser Ausstellung geet un d’Fondatioun kriibskrank Kanner. Haut war d’Madamm Weimerskirch vun der Fondatioun bei eis an der Schoul an huet de Kanner d’Krankheet unhand vun der Geschicht Luzie und die Chemo-Ritter kandgerecht erkläert. No puer Wierder vun der Coordinatrice vum C1, Danièle Merens, an dem Buergermeeschter, Jean-Paul Jost, konnten d’Kanner an d’Léierpersonal der Madamm Weimerskirch ganz houfreg e Scheck vu 4430€ iwwerreechen. Nieft dem Erléis vun der Ausstellung huet och d’Elterevereenegung vu Schëtter e Scheck vu 500€ iwwerreecht, dee si beim Schoulfest era kruten.