Gebuertsdagsfeier am SERVIOR-Haus zu Nidderkuer

Am SERVIOR-Haus "Um Lauterbann" zu Nidderkuer goufe kierzlech 19 Bewunner geéiert, déi an de Méint Januar bis Juni 2019 e ronne Gebuertsdag feiere konnten. D'Amicale ronderëm hire President Jean-Louis Weber an den Direktiounsbeoptraagten Claude Parisi waren houfreg fir de Senioren am Alter tëschent 65 an 102 Joer déi bescht Gléckwënsch kënnen ze iwwerbréngen. D'Jubilare kruten net nëmmen e Kaddo, mä och nach frësch gebaakten Eisekuchen vun der Amicale Altersheem Nidderkuer. Fir déi richteg Stëmmung huet den Orchester "Trio Aurora" am Festsall vum Cipa gesuergt. Am SERVIOR-Haus zu Nidderkuer, wou ronn 150 Senioren hiert Doheem hunn, si geéiert ginn:


65 Joer

Mme CARMES Nelly


80 Joer

Mme COMIS-MATHIAS Jeanne

M. HIPP Gaston

Mme DEL TOE-SCHILTZ Elisabeth

Mme BACKES-OLSCHAK Waltraud Margarete

Mme DOTSCH-Höveler Katharina


85 Joer

M. FETLER Justin

Mme MEYERS-LANG Marie-Thérèse

Mme STEFANETTI-PLACIDI Pia

M. WASSNICH Guillaume

Mme RODERES Maria


90 Joer

Mme GUELFF-MULLER Marie-Theres

Mme HANTEN-NOESEN Lucette

Mme GRUNEISEN-THEIS Louise

Mme BERMER-KLEIN Caroline

Mme D'ORAZIO-PALUMBO Luigina


95 Joer

M. BAUSCH Jean-Baptiste

Mme DI GIULIO-RANTE Pasquina


102 Joer

Mme FRISCH-CALMES Annie