No 28 Joer zesumme Sangen ass elo Schluss-Männerkouer Atertdaul ass opgeléist


Nidderpallen: Et war viru kuurzem e schwéiere Moment fir de Marc Sauber, President vum Männerkouer Atertdaul den no sengen Wëllkommensgréiss a Wierder vu Merci un de Comité, all Memberen, der Dirigentin an och der Gemeng, op dat schwéiert Joer vum Veräin no der Covid Epidemie misse zerëck kucken, dat geprägt war vun enger ganzer Reih vun Sänger, di alters- a krankheitsbedingt leider nit méi konnten derbéi sin. Huet de Galaconcert 2023 hu missen ofgesoot gin, esou waren de Gala-Concert souwi och de Gesangsconcert zesummen mam Männerkouer vu Béiwen war awer e vollen Erfolleg. Och huet de President den Asaatz vun deenen zwéin langjährigen an aktiven Sänger Emile Risch an Néckel Meis, déi de Veräin missen fir ëmmer verloossen besonnesch ervirgehuewen. An enger Minut vun der Stëll ass och un si geduecht gin. Am Aktivitéitsbericht konnt e feststellen, dat de Männerkouer Atertdaul nit manner wi 9 Mol niewt 7 Comitésitzungen bei verschidden Manifestatiounen a Concerten niewt Sangen vu Begriefnismassen present war. De positiven Keessebericht vum Pol Mehlen ass vun denen 2 Keesserevisoren Julien Birkel a Charel Reiser als einwandfrei bestätigt gin an duerno och de ganze Comité ouni Beanstandung vun der Versammlung seng Décharge kritt huet. Och de Buergermeeschter Henri Gerekens huet a senger Laudatio d’Leeschtung vum Atertchouer erviergehuewen wou de ganzen Kanton an och doriwer hinaus kann ganz houfrig sin fir hirt Engagement op kulturellem Niveau fir die flott Concerts an Optrëtter di beim Publikum och ganz gut ukomm waren. Hinnen all e ganz grousse Merci fir hirt Engagement am Dingst viun enger flotter Saach. Glécklicher Weis hun eng Parti vu Sänger an der Zwëschenzäit sech un aaner Veräiner ugegliddert fir och do an Zukunft hirem Gesangs- oder aaneren Hobbyen nozegouen. De groussen Applaus war de Merci fir Dirigentin Adriana Mitu , déi och no hire waarme Wierder vu flottem Zesummesin a schéine Concerten an all dene Joeren mat engem schéine Bouquet Blummen villmols Merci gesoot kritt huet. No der fräier Aussproch koum et dunn zur ausserordentlicher Generalversammlung, wou jiddereen och derfier war, fir den Männerkouer Atertdaul no 28 Joer Aktivitéit definitiv opzeléisen. Domadder ass fir ëmmer mam Männerkouer Atertdaul Geschicht am Kanton Réiden geschriwwe gin. Zum Schluss vun der Versammlung war et de Edy Loesch, den dem President Marc Sauber an dem Keessier Paul Mehlen fir hiren langjährigen Asaatz villmols merci gesoot huet an hinnen mat der Iwerreechung vun enger Corbeille fir Zukunft Alles Guddes gewënscht huet. Zesummen as d‘Glas erhuewe gin an op eng schéin Zäit am Männerkouer geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)