"Savoir Vivre" zu Ueweraanwen

Ennert dem Thema "Savoir Vivre" haat d'Hueschterter Musek op hiren traditionelle "Gala-Concert" an de Loisi invitéiert. De Chef Claude Hoffmann haat mat der Programmkommissioun e flotte Programm rondrem d'franséisch Chansons opgesaat.

Lass goung et mam Louis Ganne senger "Marche Lorraine" fir duerno e Potpourri vum Charles Aznavour senge beschte Lidder ze présentéieren. Mam Jérôme Naulais senger Magie Noire koum e méi modernt Stéck op de Plang, ier matt "La môme Piaf" de Solist vum Owend Maurizio Spiridigliozzi d'Fanfare um Akkordeon begleet huet.

No der Paus goufen traditionell Medaillen iwwerreescht. De Präsident Emile Wagner huet zesumme mam Kulturschäffe Jean Schiltz a matt der UGDA-Vertriederin Adèle Donven-Rossetti des Leit ausgezeechent : De Max Grethen fir 5 Joer Aktivitéit. Eng Bronzemedaille fir 10 Joer krut Karin Reding. 20 Joer musizéieren d'Annick Schuller an d'Anouck van der Zande. D'Gëlle Medaille fir 30 Joer an e klénge Kaddo kruten d'Isabelle Schumacher an de Laurent Schlammes. Fir 40 Joer am Déngscht vun der Hueschterter Musek goufen d'Sonja Sartorius an d'Nathalie Wagner ausgezeechent.

Fir den Ufank vum 2. Deel huet d'Moderatorin vum Owend Joelle Kirsch dem Jean-Jacques Goldman säi "Quand la musique est bonne" ugekënnegt. Duerno goung et erem méi klassesch weider mat engem Potpouri vum Monsieur 100'000 Volts Gilbert Bécaud. Iwwert dem Charles Trenet säi "La Mer" koum et séier zum Schlussstéck "Paris Montmartre". Do huet och de Bretellspianist Maurizio Spiridigliozzi nach eng Kéier säi Kënnen enner Beweis gestallt. No 2 zousätzleche Bis huet de Publikum der Fanfare mat Standing Ovations Merci gesoot.