D'Frënn vun de Réiserbänner Guiden a Scouten kucken op 2018 zeréck

En Donneschdeg, den 21. Mäerz 2019 haten d'Frënn vun de Réiserbänner Guiden a Scouten op hir 27. Generalversammlung op Réiser an den Home Père René Leuck invitéiert.


De President Metty Mozek konnt de Bilan iwwert en aktivt Joer gemaach an deem net nëmmen dem Réiserbänner Scoutsgrupp mat vill Engagement ënnert d'Äerm gegraff guff, wéi op der Kiermes oder dem Buergbrennen, mä sëcherlech war en Highlight den 1. Dag vun den nationale Rettungsdëngschter, wou en d'Frënn vun de Réiserbänner Guiden a Scouten zesumme mat de Réiserbänner Guiden a Scoute e Gedrénksstand gemaach hunn.


Den Home Père René Leuck war nierft de Versammlung awer och gutt vun auswäertege Gruppen a Privatleit gutt beluercht. Dëst ass ënner anerem e Grond fir datt de Keesier Jean-Paul Friederich mam finanzielle Bilan konnt zefridde sinn.


2019 stinn dann nach e puer Aarbechten an a ronderëm den Home un, wéi d'Ersetze vun den Dieren am Home.


De Bilan iwwert e gutt gefëlltent Guiden- a Scoutsjoer konnt de Gruppechef Max Klein maachen an dobäi besonneg houfereg op d'Chef vum Grupp sinn, déi am Laf vun engem Joer eng Hellewull vun Aktivitéiten op d'Been gestallt hunn. Op dëser Plaze sierf nëmmen de Scoutstheater ernimmt.


D'Schäffen Marianne Pesch-Dondelinger huet de Frënn vun de Réiserbänner Guiden a Scouten an de Réiserbänner Guiden a Scoute felicitéiert fir déi vill Aarbecht, déi am Laf vum Joer am Déngscht vun deene Jonke gemaach ginn ass.


Um Enn vun der Generalversammlung hunn d'Frënn vun de Réiserbänner Guiden a Scouten kënnen e Scheck iwwert 1000 Euro un d'Oeuvres paroissiales Réiserbann iwwerreechen. Dës Sue kommen der Solidaraktioun ze gutt, déi dëst Joer Sue sammelt fir de Kamerun. Aser och d'Réiserbänner Guiden a Scouten konnten e Scheck iwwert 1000 Euro iwwerreechen an dëst un de Christophe Bernard vun der Solidaresch Hëllef Réiserbann. Mat deem Don gëtt e Projet am Beräich vum doucen Tourismus an der Kolla Kommunautéit an Argentinien ënnerstëtzt, der Kommunautéit mat der d'Gement Réiser säit iwwert 25 Joer huet.