D'Réiserbänner Guiden a Scoute spillen Theater

No 2 Méint intensivem prouwen, war et den 3., 4., 10. an 11. November esou wäit, an d’Réiserbänner Guiden a Scouten hunn Theater gespillt. Dëst Joer gouf d’Geschicht vum Pippi Langstrumpf opgefouert, deem Meedchen, wat sech seng Welt esou mécht wéi se him gefällt an dat ganz nom Astrid Lindgren sengem Zitat: "Freiheit bedeutet, dass man nicht unbedingt alles so machen muss wie andere Menschen."


45 kleng a manner kleng Guiden a Scoute vum Réiserbänner Grupp hunn d’Geschicht vum Pippi, dem Tommy an dem Anika, dem Här Nilson an den dräi Gauner an 3 Akte verzielt.


D’Stéck baséiert op enger Geschicht vum Astrid Lindgren. Fir eis huet d’Cathy Weber dës Geschicht zu engem Theaterstéck ëmgeschriwwen a sech dozou déi passend Dänz, Kleeder a Bühnebiller ausgeduecht. D‘Cathy huet och d’Regie gefouert a gouf vum heibäi vum Jan Friedrich ënnerstëtzt.


Am Ganzen hate ronn 860 Leit e kuerzweilege Mëtteg bei eis verbruecht a goufen nieft dem flotten Theater och mat Kuch, Taart an engem gudde Patt versuergt.


Op dëser Plaz sief Jidderengem Merci gesot, deen säin Deel dozou bäigedroen huet, fir dat den Theater dëst Joer esou e grousse Succès ginn ass.