Guiden- a Scoutskiermes zu Réiser

E Sonndeg, den 13. Mee hunn d’Guiden a d’Scouten aus dem Réiserbann hir traditionell Guiden- a Scoutskiermes gefeiert.

Nodeems et am Laf vum Moien nach gutt gereent huet beim Opriichten, huet de Reen pünktlech um 11 Auer opgehalen a mir konnten eis Gäscht bei dréchenem Wieder begréissen.

De ganze Mëtteg konnte Grouss a Kleng op engem Minicamp sech e Bild maache wéi et bei de Guiden a Scouten um Camp zougeet. Nieft engem Schnëtzatelier, goufen och Paangecher an der Campkichen op oppenem Feier gekacht an déi eng oder aner Partie Wikinger-Schach gespillt.

Um hallwer 4 sinn 2 Ponys op Besuch komm fir eise Pony-Lotto, ähnlech wéi der Vache qui flatte, just mat ebe mat Ponyen.

Nieft e selegen Animatioun, gouffen d’Leit mat e lauter gudde Saache vum Grill an aus der Kaffisstuff, Tartre Flambée, engem Zalotebuffet an engem gudde Patt verwinnt.

Trotz dem net ganz perfekte Wieder, hate vill Gäscht de Wee op eis Kiermes fonnt. Besonnesch gefreet huet et eis datt en dëst Joer och vill Eltere mat eis gefeiert hunn.

E besonnesche Merci geet op dëser Plaz u Jiddereen, deen eis de Weekend eng Hand ugepak huet.