Réiserbänner Guiden- a Scoutsgrupp huet seng Kiermes gefeiert

De Weekend vum 1. an 2. Juni huet de Réiserbänner Guiden- a Scoutsgrupp seng Kiermes gefeiert.

Lass gungen d'Feierlegkeete samschdes den 1. Juni um 18 Auer mat der traditioneller Mass. Gefeiert guff d'Mass fir de Jos Stoffel. De Jos war den éischt Gruppechef vum Réiserbänner Grupp an huet eis virun engem Joer fir ëmmer verlooss. Well d'Wieder richteg gutt war an de Scout souwisou meeschtens dobaussen ass, hu mir d'Mass ënnert fräien Himmel gefeiert.

No der Mass hu mir den Owend mat engem kale Patt an engem gudde Maufel vum Grill ausklénge gelooss.

Sonndes war fir den Apéro alles prett. Bei waarmem Wieder haten eng Rëtsch Leit de Wee bei den Home fonnt fir sech beim Grill odet beim Zalotebuffet ze stäerken. Esou gutt gestäerkt konnten d'Leit ab halwer 2 bei verschiddenen Ateliere am Mini-Camp mat maache wéi schnëtzen, Specksteen schläifen oder Schosselbrennen.