D'Réiserbanner Guiden a Scoute spillen Theater

No 2 Méint intensivem prouwen, war et den 12. November esou wäit, an d’Réiserbänner Guiden a Scouten hunn Theater gespillt. Dëst Joer gouf d’Mäerche vum Alice am Wonnerland opgefouert, deem Meedchen, wat sech op d’Rees an eng phantastesch Welt mëcht.

45 kleng a manner kleng Guiden a Scoute vum Réiserbänner Grupp hunn d’Geschicht vum Alice, dem Hutmeeschter, der Kinnigin an dem Schrëftsteller an 3 Akte verzielt.

D’Stéck baséiert op enger Geschicht vum Lewis Carroll, déi eng éischte Kéier 1871 gezielt ginn ass. Fir eis huet d’Cathy Weber dës Geschicht zu engem Theaterstéck ëmgeschriwwen a sech dozou déi passend Dänz, Kleeder a Bühnebiller ausgeduecht. D‘Cathy huet och d’Regie gefouert a gouf vum heibäi vum Jan Friedrich ënnerstëtzt.

Gëschter hunn ronn 200 Leit e kuerzweilege Mëtteg bei eis verbruecht a goufen nieft dem flotten Theater och mat Kuch, Taart an engem gudde Patt versuergt.

Gepillt gëtt nach 2mol: e Samschdeg, den 18. a e Sonndeg, den 19. November, all kéiers um 16.00 Auer zu Réiser am Festsall vun der Gemeng.

Op dëser Plaz sief Jidderengem Merci gesot, deen säin Deel dozou bäigedroen huet, fir dat den Theater dëst Joer esou e grousse Succès ginn ass.