D'Réiserbänner Guiden a Scouten hunn Theater gespillt

No 2 Méint intensivem prouwen, war et den 12. an 13. November Theater esou wäit, an d’Réiserbänner Guiden a Scouten hunn Theater gespillt. Dëst Joer gouf d’Mäerche vum Peter Pan opgefouert, deem Jong, deen ni erwuesse wëll ginn.

39 kleng a manner kleng Guiden a Scoute vum Réiserbänner Grupp hunn d’Geschicht vum Peter Pan, dem Wendy a senge Bridder, dem Tinkerbell an dem Captain Hook an 3 Akte verzielt.

D’Stéck baséiert op enger Geschicht vum James Matthew Barrie, déi eng éischte Kéier 1902 gezielt ginn ass. Fir eis huet d’Cathy Weber dës Geschicht zu engem Theaterstéck ëmgeschriwwen a sech dozou déi passend Dänz, Kleeder a Bühnebiller ausgeduecht. D‘Cathy huet och d’Regie gefouert a gouf vum heibäi vum Jan Friedrich ënnerstëtzt.

Am Ganzen haten an deenen 2 Deeg iwwert 400 Leit e kuerzweilege Mëtteg bei eis verbruecht a goufen nieft dem flotten Theater och mat Kuch, Taart an engem gudde Patt versuergt.

Op dëser Plaz sief Jidderengem Merci gesot, deen säin Deel dozou bäigedroen huet, fir dat den Theater dëst Joer esou e grousse Succès ginn ass.