„D'WiddeBierger 50+“ aus der Gemeng Betzder éieren hir Jubilaren!

De 16. November 2019 haten „d‘Widdebierger 50“ hiert schéint Fest fir d´Jubilaren mat engem héije Gebuertsdag ze éieren. Mir hunn ons getraff am Restaurant „Relais Du Château“ zu Betzder. No engem, wéi gewinnt, gudde Mëttegiessen war et souwäit. Ons Jubilaren 2019 sinn: D‘Madame Rosalie Mathes vu Mensder : 90 Joer (si ass net op der Foto), den Här Henri Schroeder vu Mensder 80 Joer, an zu gudder Läscht d'Präsidentin vun de WiddeBierger, d‘Madame Maria Greis vu Bierg. Als Vertrieder vun der Gemeng huet den Här Patrick Lamhène der Madame Greis e schéine Blummebouquet iwwerreecht, natierlech mat engem decke Kuss. Beim Här Schroeder huet den Här Lamhène och d´Blummen iwwerreecht an de Kuss koum vum Marie-Rose, der Sekretärin vum Veräin. Beim Opschneiden vum Gebuertsdagskuch gouf den „Happy Birthday“ gesongen a weider gefeiert bis an den Owend eran