Ausstellung: „Indésirables ? Victimes oubliées“ - bis den 18. September

De Vernissage vun der Ausstellung „Indésirables ? Victimes oubliées“ huet den 28. Juli an der Gemeng Schëffleng stattfonnt. Den Owend gouf duerch d’Begréissungswuert vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch ageleet, ier en sech mat enger Ried vum Frank Schroeder, Direkter vum Musée National de la Résistance et des droits Humains, fortgesat huet. No engem offréierte Patt huet de Jérôme Courtoy, Historiker a Pedagog vum Musée a Gemengerotsmember zu Schëffleng, eng guidéiert Visitt ugebueden.


Dës Ausstellung erfuerscht déi manner bekannte Geschicht vu marginaliséierte Gruppen, déi wärend der Nazi-Besatzung zu Lëtzebuerg verfollegt goufen. Dës Expo stellt d’Leed vun deene Mënschen an de Mëttelpunkt, déi als « aneschters » ugesi goufen – Mënsche mat enger Behënnerung a Mënsche mat aneren ewéi der gängeger Glawensrichtung, Liewensweis oder sexueller Orientéierung. Mat Liewensgeschichten a pädagogeschen Outile reegt si d’Visiteuren·sen dozou un, iwwer Virurteeler an eiser Gesellschaft nozedenken a se mat engem kritesche Bléck ze betruechten, souwuel am historeschen ewéi och am Kader vun eiser haiteger Zäit.


D’Ausstellung ass vu Méindes bis Freides bis den 18. September vun 8:00 bis 12:00 a 14:00 bis 17:00 Auer fir de Publik am Hôtel de Ville op.