Commémoration nationale 2025
um weitere Bilder zu sehen.
Den 18. Oktober 2025 hat de Schäfferot op d’Feierlechkeete fir den nationale Commemoratiounsdag am Parc Léonie Koulen invitéiert. D‘Vertrieder vun den „Enrôlés de Force“, der LPPD, dem Syndicat d’Initiative an d‘Gewerkschafte waren och vertruede fir hire Respekt auszedrécken. Dës Zeremonie ass vun eise Gesangsveräiner begleet ginn.
De Carlo Feiereisen huet a senger Ried ënnerstrach datt erënnere net nëmme bedeit, d’Vergaangenheet ze éieren – et bedeit och, d’Zukunft mat Verantwortung ze gestalten. D’Fräiheet, an där mir haut liewen, ass e Kaddo, dee mir musse schützen a weiderdroen. Si ass net selbstverständlech mee d’Resultat vun de Choixen an de Kämpf vun deene virun eis. Loosst eis dës Fräiheet mat Häerz a Verantwortung weiderliewe fir datt d’Opfer vun deemools ni vergiess ginn.
Mam Sange vun der Heemecht hunn d’Feierlechkeeten e würdegen Ofschloss fonnt éier de Buergermeeschter nach op eng Receptioun invitéiert huet.