Formatioun zu Genderfroen a Gläichstellung

D’Formatioun zu Genderfroen a Gläichstellung, déi zu Schëffleng organiséiert gouf, huet 20 Participant·innen zesummebruecht, dorënner lokal gewielte Vertrieder·innen a Memberen aus kommunale Kommissiounen. D’Formatioun gouf vum Formateur Philippe Ternes am Optrag vum Reseau vun de Chargéë à l’égalité des genres (REGA), vum CNFL an a Zesummenaarbecht mam Ministère fir Gläichstellung a Diversitéit (MEGA) organiseiert. Zil vun der Formatioun war et, d’Sensibiliséierung fir d’Gläichstellung vun de Geschlechter op kommunalem Niveau ze stäerken.


De Module, mat enger Dauer vu véier Stonnen, huet wichteg theoreetesch Inhalter mat interaktiven Übunge kombinéiert an huet op eng participativ Approche gesat, déi den Austausch tëscht de Participant·inne gefërdert huet an drop gesat huet Geschlechterstereotyppen a -biasen ze erkennen a sech en Iwwerbléck iwwer déi bestoend Organer, Charten a Strukturen zu Lëtzebuerg ze verschaffen. Am Kader vum Module hunn d’Participant·innen och Instrumenter wéi d’Europäesch Charta fir d’Gläichstellung kennegeléiert, déi als Orientéierung fir d’Ausaarbechtung vun Aktiounspläng an d’Integratioun vun der Gender-Perspektiv an d’kommunal Entscheedungen dénge kann.