D'Albert Wingert Schoul freet sech op de Besuch vun zwou Schoulen aus hirem Comenius Projet

D'Albert Wingert Schoul ass aktive Mëmber am Comenius-Projet. Heibei handelt et sech em e Projet, dee vun der europäescher Unioun ënnerstëtzt gët an deen zum Ziel huet, Frëndschaften zwësche Kanner aus anere Schoulen aus verschiddene Länner opzebauen.

Folgend Schoule maache beim Projet "How do you eat, neighbour?" mat:


- Grundschule Gerolstein, Gerolstein (DE)

- Basisschool De Draaiende Wieken, Posterholt (NL)

- 11ο DIMOTIKO SXOLEIO GIANNITSON (GL)

- Escola Básica da Ponte, Vila das Aves (PT)

- Ecole fondamentale Albert Wingert, Schifflange (LU)


All Land huet seng eegen Bräich, Fester, Ritualer an Traditiounen. Beim Comenius-Projet geet et drëm, dass d'europäesch Nopren sech iwer hir verschidden Art a Weisen Fester ze feiren an Traditiounen ze lierwen austauschen an sou vill nei Saachen iwer déi verschidde Partner-Länner kenneléiren.
Den Haaptpunkt gët op d'Iessen geluecht, d.h. get eventuell fir e speziellt Fest eppes dozou passendes gekacht? Ginn déi Fester an all de Partner-Länner gefeiert? Gi se op déi selwecht Art a Weis gefeiert? Alles dat si Froen, déi déi jonk Schüler aus de Partner-Schoulen am Gaang sinn ze léisen.

De Kontakt zwëschen de Kanner get net nëmmen duerch regelmässeg Skype-Konferenzen oprecht erhalen, ma dësen Donneschden, 15. März ass an der Wingert-Schoul eng méi lass: Mir kréie Besuch vun de Partner-Schoulen aus Holland an Däitschland.

D'ganz Comeniuséquipe aus der Wingert Schoul, ënnerstëtzt vu nach fräiwellegen Enseignant'en, hunn e flotte Programm op d'Been gesat, fir eise Frënn aus Holland an Däitschland e flotten a firunallem léierräichen Dag, iwer Lëtzebuerg an alles wat dozou gehéiert, méi no ze bréngen.

Méi Detailer iwer déi flott Renconter inclusive Fotoen waerten Enn der Woch op dëser Plaz publizéiert ginn.