Den 9. Juli goufen an der Schëfflenger SummerBar op der Place Grande-Duchesse Charlotte déi kulturell Laureat·inne geéiert. Zu dësem flotte Moment waren all Awunner·innen häerzlech invitéiert, fir zesumme mat de Responsabele vun der Gemeng d’Laureat·inne vum Schëfflenger Kulturpräis ze feieren.
An engem Interview hunn de Carlo Feiereisen, Buergermeeschter, an den Yves Marchi, Schäffen a President vun der Kulturkommissioun, ënner anerem erkläert, wéi et zu dëser éischter Editioun vum Schëfflenger Kulturpräis komm ass.
Nieft de ville Laureat·innen am Beräich vun der Kultur konnt d’Yvette Gastauer-Claire de Schëfflenger Konschtpräis mat heem huelen.
Et war e flotten an ofwiesslungsräichen Owend, moderéiert vum Kany Touré, mat beandrockenden Danzoptrëtter vum Jill Crovisier an der Junior Company Luxembourg, ënnert der artistescher Leedung vun der Marie-Laure Neiseler.
Den DJ Sanchez huet den Owend mat beschter Musek an enger flotter, festlecher Stëmmung ausklénge gelooss.