Fraesport am Fokus
um weitere Bilder zu sehen.
Am Kader vum internationale Fraesportsdag huet d’Gemeng Schëffleng de 24. Januar zu enger Diskussiounsronn mat Filmprojektioun zum Thema Fraesport invitéiert. Um Programm stoungen de Kuerzfilm „Little Miss Sumo“ an „Marinette“, d’Geschicht vun der Pionéierin vum franséische Fraefussball, Marinette Pichon.
De Buergermeeschter Carlo Feiereisen huet d’Participant·inne begréisst an direkt an d’Theema vum internationale Fraesportsdag agefouert. Zwar hätt sech an deene leschte Jore schonns vill verbessert, bis zu enger richteger Gläichberechtegung am Sport wier et awer nach e wäite Wee, esou de Buergermeeschter. Schëffleng wier houfreg, zënter der 1. Editioun vum Fraesportsdag zu Lëtzebuerg dobäi ze sinn. Dofir wier bei der 3. Editioun dëst Joer och de Programm ausgebaut ginn, esou de Carlo Feiereisen weider.
Et gouf op Initiative vun der Sportskommissioun och dëst Joer um 24. Januar erëm fräien Entrée fir Fraen (an hier Kanner) an d’Schwemm. Am Mëttelpunkt vum Fraesportdag zu Schëffleng stoung awer d’Diskussiounsronn an der Salle Grand Duc Jean vum Gemengenhaus. Moderéiert vun der fréierer CAS-Liichtathletin Kany Touré, hunn d’Nathalie Lamborelle (fréierer Proficyclistin, haut Sportsprofessorin a Präsidentin vum Schëfflenger Vëlosclub LP07), d’Christelle Diederich (Sportjournalistin am Tageblatt an zënter 2025 déi éischt Fra un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Sportpresseverband) an d’Emma Kremer (Foussball-Nationalspillerinnen) vun hiren Erfarungen erzielt. Esou hunn sech interessant Diskussiounen iwwert d’Problemer vum Fraesport am speziellen an iwwert säi Stellewäert an der Gesellschaft am Allgemengen entwéckelt, un deenen sech och d’Publikum intensiv bedeelegt huet.