Fréijoersfest 2026

Organiséiert vun der Gemeng Schëffleng, a Collaboratioun mat der Seniorekommissioun, war dëse speziellen Nomëtteg an enger häerzlecher a gemittlecher Atmosphär geduecht, fir zesummen d’Fréijoer ze feieren. Jidderee war häerzlech invitéiert, un dëser Feier deelzehuelen.


Trotz dem sonnegen, mee kale Wieder war d’Stëmmung wonnerbar: et gouf vill gelaacht, gepotert a gemeinsam genoss. Sou gouf d’Fréijoersfest zu engem wierklech flotte Moment fir all Generatioun.