Schëfflenger Sportspräis 2026
um weitere Bilder zu sehen.
De 26. November goufen am Hall Polyvalent 148 sportlech Laureatinnen a Laureaten aus eiser Gemeng geéiert.
De Public konnt sech op en ofwiesslungsräichen a stëmmungsvollen Owend freeën, ganz am Retro-Style, stoung den Owend am Zeeche vum 150. Gebuertsdag vun der Gemeng. Esou gouf op der Bün an am Sall mat enger Ausstellung un déi grouss Momenter vum Schëfflenger Sport erënnert.
Um Programm vum Schëfflenger Sportspräis stounge flott Optrëtter vum Initiation-Cirque, eng impressionant Demonstratioun vun de Lëtzebuerger Strongman-Athlete vun de Wildhogs a Retro-Optrëtter vum Turnveräi Le Travail a vum Schëfflenger Vëlosclub LP07.
Zesumme mat der Gemeng, der Sport- a Fräizäitkommissioun an de Veräiner goufen déi sportlech Leeschtunge vun de Schëfflenger Laureatinnen a Laureaten ausgibeg gefeiert.
Kuckt Iech d’Fotoe vun dësem schéinen Owend an eiser Galerie un.
Fotoen ©Noëllia Alvarez