Senioreforum vum 28.01.2026
um weitere Bilder zu sehen.
Ronn 40 Seniorinnen a Senioren tëscht 65 a 90 Joer hunn den 28. Januar um Schëfflenger Senioreforum deelgeholl. De Workshop gouf vum LISER geleet a vun der Seniorekommissioun ënnerstëtzt.
D’Participant·inn·e sinn an dräi Aarbechtsgruppen agedeelt ginn, an deenen iwwer verschidde wichteg Themen diskutéiert gouf – am wichtegste fir d’Participant·inn·e waren d’Accessibilitéit, d’Kommunikatioun an d’Sécherheet. Och de Buergermeeschter Carlo Feiereisen an d’Schäffin Nadine Kuhn-Metz waren dobäi. Dank enger Live-Iwwersetzung a verschiddene Sproochen hu sämtlech Persounen op der Plaz aktiv um Workshop kënne matmaachen. A wéi et sech gehéiert, hu Kaffi a Kuch fir eng agreabel Atmosphär gesuergt.
Als nächste Schratt ass e weidere Workshop geplangt, dëst Kéier mat de lokalen Acteuren um Terrain, fir d’Resultater vum Senioreforum ze verdéiwen an zesumme konkret Perspektiven auszeschaffen.