Vernissage vun der Ausstellung „Les Vrais Hommes / Déi Richteg Männer“

Am Kader vum Movember an dem Weltmännerdag ass zu Schëffleng d’Männergesondheet an d’Diversitéit vun der Maskulinitéit thematiséiert ginn.


Den 19. November huet de Vernissage vun der Ausstellung « Les Vrais Hommes / Déi Richteg Männer », am Park Léonie Koullen statt fonnt a Präsenz vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot a vun infoMann. Hei ass de Publikum mat staarken Aussoen a Stereotyppe konfrontéiert ginn, déi nach ëmmer vill Männer ënner Drock setzen. Mat Beispiller wéi „E richtege Mann weist keng Schwächt“ oder „E richtege Mann gëtt net Affer vun haislecher Gewalt“ gouf kloer, wéi limitéiert esou Iddie sinn. D’Zil war, dës Normen ënnert d’Loup ze huelen an ze briechen, fir ze weisen, datt et vill Weeër ginn, e Mann ze sinn – inklusiv Sensibilitéit, Emotiounen a Recht op Ënnerstëtzung.


D’Ausstellung encouragéiert domat net nëmme Männer, sech vum sozialen Drock ze befreien, mee sensibiliséiert och d’Ëffentlechkeet an e leescht e staarke Bäitrag zu enger méi inklusiver a méi mënschlecher Gesellschaft.


Dës Ausstellung kënnt Dir am Park Léonie Koullen bis den 10. Dezember 2025 entdecken.