80 Joer- Madame Henriette Kreusen-Gaspard vu Schous

De Schäfferot vun der Gemeng Fëschbech, mat der Buergermeeschtesch, dem Marianne Brosius-Kolber an de Schäffen, Simone Majerus-Schmit a Marco Karier, hunn d’lescht Woch der Madame Henriette Kreusen-Gaspard vu Schous a matten hirer Famill, fir hiren 80ten Gebuertsdag, mat engem schéine Blummenarrangement, gratuléiert.
D’Madame Kreusen ass den 11. Abrëll 1937 als fënneft Kand am Stater Gronn op d’Welt komm, wou si och an d’Schoul gaangen ass.
Si ass den 10. Januar 1957 mam Pierre Kreusen, genannt de Pit, dee vun La Calamine (Kelmis) bei Aachen, gebierteg ass, bestuet ginn. De Pit war zäitliewens Chauffeur vu Beruff.
Aus dem Bestietnes sinn zwee Kanner ervir gaangen, d’Astrid an d’Ida. D’Famill huet zu Stroossen gewunnt, éier si zu Schous een Haus kaaft hunn, an 1969 dunn an hiert neit Haus ëmgezu sinn.
Hire Mann, de Pit ass am Juni 1997, mat 65 Joer a seng verdéngte Pensioun gaangen, ass awer leider schonn no e puer Méint Pensioun am selwechte Joer am Oktober, verstuerwen.
D’Madame Kreusen huet ausser de Stot, hire grousse Gaart an der Rei gehaal, an awer och Strécken a Kaarte spillen haten hir et ugedoen.
Haut wunnt si zesumme mat hirer Duechter, dem Astrid an hirem Mann, dem Marcel Kirsch, zesummen an duerf stolz op hir 4 Enkelkanner an engem Urenkelkand sinn.
Bei engem gudde Patt an engem klenge Maufel ass dës kleng Feier ausgeklongen