50 Joer Fotoclub Schëtter

Den 30. August 1968 ass zu Schëtter de Ciné-Photo-Son (CPS – Fotoclub Schëtter) gegrënnt ginn. De Veräin huet dëst hallef Joerhonnert Ufank Oktober mat dräi Deeg Foto a Film gefeiert. Um gutt gefëllte Programm waren eng Fräiliichtfotosausstellung (an der Dällt nach bis Oktober 2019), eng Fotosausstellung ënner dem Thema „Selectioun“ mat Biller vun aktuellen a fréier Memberen, e Fotosatelier a Presentatioune vu Fotoen a Filmer. De Fotosclub bleift och weiderhin aktiv an invitéiert elo schonn op säin 20. Beaujolaisowend de 16. November 2018. Och am Dezember um Chrëschtmaart zu Schëtter wäert de Fotosclub present sinn.