D'Elterevereenegung vun der Gemeng Schëtter mecht en Don un d'Schoulbibliothéik

De 26. Januar 2018 huet de Comité vun der Elterevereenegung der Schoulbibliothéik vu Minsbech tiptoi-Stëfter, Lies-, Sach- a Billerbicher am Wäert vun 1.000 € iwwerreecht. Dëst ass en Deel vun hirem Erléis, dee si duerch verschidden Aktivitéiten uechtert d’Joer, wéi z.B. d’Halloweensparty oder d’Ouschtereeërsich erakritt hunn.

D’Léierpersonal an d’Schoulkanner soen der Elterevereenegung „Villmools Merci“ fir dee generéisen Don.