De Cycle 1 mécht sech mam Tablet op de Wee bei d’Kënschtler

Déi 8 Klassen aus dem Cycle 1 aus der Schoul an der Dällt vum Mënsbech hu vum 5.-7.Juli zesummen eng flott Kënschtler-Ausstellung am Kader vum PDS organiséiert. All Klass huet dofir e Kënschtler méi genau ënnert d’Lupp geholl a Konschtwierker am Stil vum Kënschtler hiergestallt. Esou sinn Toillen a Biller aus Holz gemoolt ginn, awer och Dekoratioune fir de Gaart gemaach a Parzeläin bemoolt ginn.

All Klass huet och jeeweils eng Produktioun mat den neie Medien realiséiert, déi och op der Ausstellung gewise gouf. Esou konnt een zum Beispill iwwert den Tablet an d’Liewe vum Kënschtler erantauchen, mat him duerch seng Welt goen, interaktiv Bicher entdecken, ugeleed ginn wéi e Kënschtler ze molen, e Quiz maachen,....

D’Ausstellung vun de ronn 120 Kanner war gutt besicht an d’Konschtwierker séier verkaf. All Klass hat och e gemeinsaamt Konschtwierk gemaach, dat un de Meeschtbiddende versteet gouf.

Den Erléis geet integral un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner an de Minsber Cycle 1 ass houfreg si mat 4250€ ënnerstëtzen ze kënnen.