De Grüffelo……..

Op Besuch zu Minsbech an der Schoul


E Mëttwoch, de 24. Januar 2018 huet de Poppentheater Pulcinella de Kanner vum Cycle 1 & 2 aus der Minsbecher Schoul déi bekannte Geschicht “Der Grüffelo” virgespillt.

D’Geschicht hat als besonnesch “mise en scène” eng grouss Fernsehskëscht.

Dofir huet d’Stéck och mat den Noriichten aus dem Fernseh ugefaangen.

Nodeems d’Noriichtespriecherin e puer Mol vir- an zréckgespullt gouf, konnt si d’Geschicht endlech annoncéieren an et goung lass.

Déi kleng Maus huet de Kanner besonnesch gutt gefall. Si ass jo keng domm Maus, a weess wéi si de Fuuss, d’Schlang an d’Eil austrickse kann.

Och de Grüffelo huet all seng grujeleg Eegeschafte beschtens erfëllt. En hat mof Picken um Réck, eng gréng Waarz op der Nues, laang Krallen a feierrout Aen, ebe fir ze fäerten.

All déi kleng Zuschauer am Sall hu mat der schlauer Maus matgeféiwert, ob si och de Grüffelo austrickse kann?

A wat léiert eis dës Geschicht? Sief couragéiert a clever, sou wéi déi kleng Maus, well et kënnt net op d’Gréisst an d’Stäerkt un…..