De Kleeschen koum op Minsbech bei d'Schoulkanner

1. Dezember 2017 :


„Kanner, loosst mer lëschteg sinn…..“


An enger flotter Feier vun de Schoulkanner aus dem Cycle 1, 2 & 3, ënnerstëtzt vun der Musekschoul, ënnert der Leedung vum Stefano Sabbatini, gouf leschte Freideg de Kleeschen, zesumme mam Housécker a sengen Engelcher an der Minsbecher Schoul empfaang.


Net nëmmen déi 215 Kanner op der Bühn, mee och d’Schüler aus dem Cycle 3 & 4, déi op hiren traditionnellen Niklosmaart mat Kaffisstuff invitéiert hunn, hu fir eng gutt Stëmmung am Gebai gesuergt.


Och dëst Joer nees hu sech d’Kanner an hir Enseignantë mat vill Elan an Engagement derfir agesat, dass dëse feste Rendez-vous zu Minsbech zu engem groussen Erfolleg gëtt.

J.M.