Generalversammlung an Präisser « Schéin Dierfer » beim Gaart an Heem Schëtter

Bei senger Generalversammlung huet d’Sektioun Schëtter vun der CTF – Gaart an Heem e Réckbléck op d’Joer 2018 gemaach. All déi traditionell Aktivitéiten haten erëm de verdéngten Succès. Dat waren de Kachcours am Februar a Mäerz, d’ Generalversammlung mat Concours « Schéin Dierfer a Stied », de Blummen a Planzemaart Enn Abrëll, d’ Blummebakken a Pyramidebeplanzen fir de Summer, d’ Mammendagsfeier den 9. Juni, d’ Participatioun um Nationalfeierdag, en Ausfluch vun dräi Deeg op Scheveningen an eng Faart op Metz op de Chrëschtmaart. Och d’Kees an an der Rei, obwuel d’Joer mat engem klengen Minus ofgeschloss ginn ass. Zum Schluss, wéi schonn déi leschte Joren de Gebrauch, sinn d’Präisser vum Concours « Schéin Dierfer » vum dem Jury an dem Buergermeeschter verdeelt ginn.