Generalversammlung mat Scheckiwwerreechung bei de Fraen a Mammen Schëtter

Schëtter. Esou wéi schon an de leschte Joren hunn d’Fraen a Mammen vun der Sektioun Schëtter sech viru kuerzem A Schmatten zu Al-Schëtter getraff zu hirer Generalversammlung. Enner der Leedung vun der Presidentin Sanny-Louise Kemp ass drop higewise ginn, dass déi Schëtter Sektioun am Joer 1985, also virun 35 Joer gegrënnt ginn ass. Am Réckbleck op d’Joer 2018 ass festgehale ginn, dass sech d’Memberen ëmmer méindes zu enger geselleger Ronn getraff hunn an dobäi Handaarbechte verriicht hunn. En Deel vun dësen Aarbechten ass virun Ouschteren am Supermarché zu Mënsbech verkaaft ginn. Traditionell sinn dunn Enn November Adventskränz an Chrëschtdagsarrangementer gemaach ginn an um Chrëschtmaart am Centre Culturel verkaaft ginn. Genau sou wéi 2017 waren d‘Fraen a Mammen den 14, 15 an 16 Dezember och um Chrëschtmaart op der Kiercheplaatz mat engem Stand vertrueden. Als klenge Verdéngscht fir déi vill Méi ass de Veräin, zesummen mat dem Gaart an Heem op de Chrëschtmaart op Metz gefuer. De neie Comité begräif all déi al Memberen an zousätzlech dräi nei Memberen. Domat besteet de Comité aus folgende Leit: Andrée MEYRATH, Astrid HARTZ, Christiane SEIWERT, Claudine KIRSCH, Elvire CALMES, Marie LIEBAERT, Micheline HAMMES, Monique COLLET, Monique GUILLAUME, Nicole BAUR, Sanny-Louise KEMP an Simone FISCHER. Déi verschidden Funktiounen gi bei der éischter Versammlung festgeluecht.

Domat war en Aarbechtsräicht awer och erfollegräicht Joer ofgeschloss an d‘Kees huet et erlaabt arem zwee Schecken fir de gudden Zweck ze stëften. En éischte Scheck ass un d‘Verenigung „Trisomie 21“ gaange. Des Vereenegung ass dun och kuerz virgestallt ginn. Den zweete Scheck war fir „BLËTZ a.s.b.l.“ déi allen Leit hëlleft déi en Hireschlag erlidden hunn.

No dëser Scheckiwwerreechung ass den Owend mat engem Iessen a gemittlechen Zesummesinn ofgeschloss ginn.