Kachcours vum Gaart an Heem Schëtter

Schëtter. D’Sektioun Schëtter hat am Mäerz erëm säin Kachcours A Schmatten zu Al-Schëtter. Wéi schonn e puer Joren virdrun konnt den Joël Schaeffer als Kach engagéiert ginn. Um Programm stoung déi franséisch Kichen, vum Nord, iwwer d’ Bretagne, d’ Savoy bis an d’ Provence. Op der Ofschlossfeier, wou och Vertrieder vum Schëffen a Gemengerot waren, gouf et e grousse Buffet. Just virun dem Dessert eng speziell Delikatess, déi traditionell Diplomiwwerreechung.