Projet éducatif ‘Surfst du noch oder lebst du schon ?!

E richteg grousse Succès war de Projet vum Cycle 4.2 mam Jugendhaus, deen während dem 14. a 15. Juni stattfonnt huet. Während dësen 2 Deeg kruten d'Schüler an interessanten Atelier'en en aktiven Abléck op Haaptthemen wéi Drogen-Präventioun, Cybermobbing an Internetsucht. Um 2. Dag vun dësem Projet gouf déi ganz Thematik mat der Visite vu Schüler aus dem Lycée Michel Lucius beräichert. Fir dat gutt Matschaffen vun de Schüler ze belounen, gouf et um Enn vum 2. Dag e flotten Ofschloss-Barbecue, wou och d'Elteren invitéiert woren. D'Schüler hunn de Projet mat engem Diplom, diverse Belounungen a wäertvoll neien Erfahrungen verlooss.