Spenden fir de gudden Zweck

Schëtter. Wéi schonn Traditioun treffen sech d‘ Memberen vun de d’Fraen a Mammen Sektioun Schëtter Enn Februar oder Ufank Mäerz fir hier Generalversammlung. A Schmatten zu Al-Schëtter huet Presidentin Sanny-Louise Kemp vill Memberen fir e gemittlechen Owend begréisst. Beim dem Joresbericht an dem Keesebericht ass betount ginn, dass et elo schonn déi 35. Generalversammlung ass. An deene 35 Joer konnten d’ Fraen a Mammen Spenden vun zesummen 168 639, 53 € fir gudd Zwecker spenden. Nieft sechs Komiteessëtzungen waren virun allem d‘“Schaff Méindeger eng vun den Haaptaktivitéit vum Veräin. Dobäi sinn allerlee Hand- a Bastelaarbechten, Kichelcher, Knippercher, an fir Chrëschtdag nach Adventskränz an Chrëschtdagsarrangementer preparéiert ginn. Domat war alles dofir déi fir déi verschidden Verkafsdeeg déi do waren Ouschtermaart am Smatch, Chrëschtmaart am Centre culturel an e Stand um Chrëschtmaart op der Kiicheplatz. Den Dezember war natierlech och de Besuch vun engem Chrëschtmaart um Programm. Zesummen ass et am Dezember 2019 mam Gaart an Heem op Durbuy gaangen.

Déi vill Méi war net ouni Resultat. Sou konnten d’ Fraen a Mammen vu Schëtter och dëst Joer zwee Schecken fir de gudden Zweck stëften. Den éischten Scheck war fir OMEGA 90 an deen zweeten Scheck fir „Kanner Wonsch“. Déi zwou Vereenegungen hunn sech kuerz virgestallt an no der offizieller Iwwerreechung ass nach Zäit bliwwen fir gemittlech Zesummesinn mat Iessen an Drénken.