Commemoratiounsdag 2019 an der Gemeng Useldeng

De nationale Gedenkdag, organiséiert vun der Gemengeverwaltung zesumme mam Comité du Souvenir - Enrôlés de Force, deen un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek un déi schwéier Zäit vun 1940 bis 1945 soll erënneren, gouf dëst Joer um Sonndeg, den 13. Oktober an eiser Gemeng zelebréiert.

Wéi an de Joren virdrun war de Rendezvous fir de Cortège am Millenhaff zu Useldeng. D’Harmonie Useldeng zesummen mat dem Pompjeescorps aus der Gemeng hunn de Cortège an d’Porkierch ugefouert. Eng feierlech Gedenkmass, verschéinert vun der Chorale an der Museksgesellschaft aus eiser Gemeng, gouf vum Här Paschtouer Mathieu Janssen gehalen.

A Präsenz vum Schäffen- a Gemengerot aus der Gemeng Useldeng war no der Mass eng Gedenkzeremonie beim Monument aux Morts. D’Sonnerie aux Morts gouf gespillt a Blummegerben goufen vum Buergermeeschter mam Schäfferot a vum Comité du Souvenir niddergeluecht.

Uschléissend huet de Buergermeeschter Pollo Bodem eng Ried gehale an där hien ënner anerem drop agaangen ass, dat an dem 2. Weltkrich 256 Lëtzebuerger Jongen zu Peenemünde am „Arbeitsdient“ waren, do Spionage bedriwwen hunn a domat wichteg Informatiounen un d’Englänner weider gereecht hunn.

Als Ofschloss hat d’Gemeng op den Éierewäin an de Centre Culturel zu Useldeng invitéiert. Bei dëser Geleeënheet huet de Roger Feiereisen, President vum Comité du Souvenir, d’Wuert ergraff, an huet a senger Usproch nach emol d’Wichtegkeet vun sou engem Commemoratiounsdag betount, a konnt dat mat enger perséinlecher Anekdot ënnermolen.

Text/Fotoen : Tom Lehnert