Sport- an Veräin-Dag an der Gemeng Useldeng

Organiséiert vun der Jugend- a Sportskommissioun aus der Gemeng Useldeng (JSKU).

Den 13. Oktober 2018 war de Rendezvous um Site vum Centre Sportif „Weidfeld“ wou all Veräin aus eiser Gemeng sech konnt presentéieren.  Ab 16.00 Auer hat all Interesséierten d’Méiglechkeet, sief et un Hand vun enger Virféierung, op engem Stand sech ze informéieren, oder un enger vun deene sëllechen Aktivitéiten ze bedeelegen, an domat méi Genaues iwwert d’Aktivitéiten vun de Veräiner gewuer ze ginn.

Bis op eng oder déi aner kleng Ausnam war och all Veräin vertrueden, an esou hunn si all zu engem gelongenen Dag mat hirer Präsenz bäigedroen. An enger flotter Ambiance ënnert de Veräiner an de Participanten gouf ausserdeem déi éischte Kéier eng Broschür mat den Kontakt-Donnéeën vun de Veräiner presentéiert. Dës Broschür gouf zesummegestallt vun der JSKU, an ass speziell ugeluecht ginn fir all neiem Awunner  aus der Gemeng d’Kontakt-Opnam mat eise Veräiner ze vereinfachen. Avis aux amateurs!


Fotoen: Claude Bach, Text: Tom Lehnert