Mushroom's, Hotel a Brasserie/Restaurant zu Useldeng!

Am Kader vun der alljäerlecher ‚Randonnée touristique‘ huet d‘Madame Staatssekretärin Francine Closener ënner anerem de Chantier vun de MushRoom's, vum Hotel an der Brasserie/Restaurant zu Useldeng besicht. D’MushRoom's an den Hotel sinn e gemeinsame Projet vun der Gemeng Useldeng an Zesummenaarbecht mam Syndicat intercommunal „de Réidener Kanton“. D’Madame Closener gouf empfaange vum Buergermeeschter vun der Gemeng Useldeng mat sengem Schäffe- a Gemengerot an de Gemengeresponsabelen vun den 10 Gemengen aus dem Kanton Réiden.

Photoën/Text: Tom Lehnert