Nationale Gedenkdag 2018 an der Gemeng Useldeng

Zesummen mam ganze Land huet och d‘Gemeng Useldeng um nationale Commemoratiounsdag sech un d’Affer vum zweete Weltkrich erënnert.
Dësen nationalen Gedenkdag, organiséiert vun der Gemengeverwaltung zesumme mam Comité du Souvenir – Enrôlés de Force, gouf gëschter um Sonndeg, den 7. Oktober an eiser Gemeng zelebréiert.

D’Harmonie Useldeng zesummen mat dem Pompjeescorps aus der Gemeng hunn de Cortège an d’Porkierch ugefouert, wou den Här Paschtouer Mathieu Janssen eng feierlech Gedenkmass gehalen huet. D’Mass gouf musikalesch ënnerluecht vun der Chorale an der Museksgesellschaftaus eiser Gemeng. 

No der Mass war eng Gedenkzeremonie beim Monument aux Morts, wou Blummegerben niddergeluecht goufen. Wärend dem gouf d’Sonnerie aux Morts gespillt. Encadréiert war dës Zeremonie mat enger Ried vum Här Buergermeeschter Pollo Bodem.


Als Ofschloss hat d’Gemeng op den Éierewäin an de Centre Culturel invitéiert. Hei huet d’Mme Lou Anzia (Vertrieder vum Comité du Souvenir) no enger Usproch d’Leit drop opmierksam gemaach, dat si fir dës Geleeënheet eng Ausstellung zesummegestallt huet, mat Zäitschrëften déi d’Ligue „Ons Jongen" no Krichsenn erausginn huet. 


Text/Fotoën : Tom Lehnert