Nationalfeierdag 2019 an der Gemeng Useldeng

Den Nationalfeierdag gouf dëst Joer an der Gemeng Useldeng um Dag selwer, Sonndeg, den 23. Juni 2019 zu Useldeng gefeiert.

De Cortège fir an d’Kierch, ugefouert vun der Harmonie Useldeng an de Pompjeeën aus der Gemeng goung um 10.15 Auer am Millenhaff zu Useldeng fort.

Den offizielle Festakt war no der Mass an dem Te Deum beim „Monument aux morts“, wou eng Gerb niddergeluecht gouf. D’Usprooch vum Buergermeeschter a d‘Medailleniwwerreechung goufen am Schlasshaff vun der Useldenger Buerg ofgehalen.

D’Kulturfrënn Useldeng haten ab 13.00 Auer op hiert traditionellt Volleksfest invitéiert. Fir d’Editioun 2019 haten si sech eng nei Formule afale gelooss fir dëst Fest anescht ze gestalten.

Deemno huet no dem offiziellen Deel de Cortège op de Fussballterrain  gefouert, wou dunn den uschléissenden Éierewäin dëst Joer eng éischte Kéier op der „place de rencontre“ um neie Fussballterrain zerwéiert gouf.

De neie Pavillon mat der Grillplaz war eng ideal Platz fir dësen Dag ze zelebréieren, an d’Iddi ass bei de Leit gutt ukomm. Mat der Hëllef vum Club des Jeunes Useldeng, déi fir dat leiflecht Wuel gesuergt hunn, a mat dem sonnege Wierder stoung dem Gelénge vun dësem schéinen Dag näischt méi am Wee.

De musikalesche Programm gouf vun der „Magic Jazz Band“ a vu „Simply 2“ encadréiert.