Croix du ‘Officier de l'Ordre de la Couronne de Chêne’

Am Kader vum Nationalfeierdag deen dëst Joer um Virowend den 22. Juni 2018 zu Useldeng gefeiert gouf, krut de Buergermeeschter Pollo Bodem d’Medaile : Croix du ‘Officier de l'Ordre de la Couronne de Chêne’ iwwerreecht vum 1.Schäffen aus der Gemeng Useldeng Pierre da Silva, deen bei dëser Geleeënheet dem Buergermeeschter seng politesch Carrière retracéiert huet; 42 Joer am Déngscht fir d’Gemeng Useldeng, dovunner 18 Joer als Buergermeeschter, an dat zanter dem Joer 2000.

Dëst ass eng renomméiert Auszeechnung déi all Joers iwwerreecht gëtt, zum Ulass vum Gebuertsdag vum Grand-Duc Henri.