Ëischte Mee-Feier 2018 zu Useldeng

Ëischte Mee-Feier 2018 zu Useldeng

D'Harmonie Useldeng an den F.C. Jeunesse Useldeng haten hier Memberen mat der Famill op hier 1. Mee Feier invitéiert. Trotz dem net sou schéine Wierder haten eng ganz Rëtsch Leit sech d’Zäit geholl fir dësen Dag am Veräin ze verbréngen.

Déi ganz Fläisseg waren schonns moies um 9 Auer um Dill fir am Hiesel-Bësch op der Feierplaz den traditionellen Meekranz ze bannen.
Um 11.15 Auer war dunn Rendezvous um Ekologeschen Parking (Parking du Château) an der Iewerlenger-Strooss fir am Cortège, ugefouert vun der Museksgesellschaft, duerch d’Duerf ze goen an de Meekranz ze presentéieren.  

No engen oder deem aneren Apero war et un der Zäit fir d’Mëttegiessen a Form vu Grillen mat Zaloten an Dessert. Vill Bedeelegter haten sech an der Buvette vum Schoul- a Sportkomplex “Weidfeld” afonnt, an hunn zesummen e schéinen Nomëtteg verbruecht. Et ass keen hongereg oder duuschtereg heem gaangen. 


Text: Tom Lehnert , Fotoën: Gilles Thiel