Nationalfeierdag 2018 an der Gemeng Useldeng

De Nationalfeierdag gouf dëst Joer an der Gemeng Useldeng um Virowend, Freideg den 22. Juni 2018 zu Useldeng gefeiert. De Cortège fir an d’Kierch, ugefouert vun der Harmonie an de Pompjeeën aus der Gemeng Useldeng, goung um 18.45 Auer am Millenhaff zu Useldeng fort. Den offiziellen Festakt war géint 19.30 Auer beim „Monuments aux morts“ wou eng Gerbe nidder geluecht gouf. Duerno war d’Usprooch vum Buergermeeschter a Medailleniwwerreechung am Schlasshaff vun der Useldenger Buerg. Den uschléissenden Éirewaïn gouf dëst Joer eng éischte Kéier op der Tit Schroeder Plaatz hannert dem Centre Culturel servéiert.

Géint 20.30 Auer haten dunn déi nei gegrënnten ’Kulturfrënn Useldeng’ op hiert Volleksfest invitéiert. Um Menü stoung kale Buffet mat gebootschte Gromperen, Fritten an Zaloten, Dessert an e Kaffi an als Alternativ gouf et och e vegetareschen Menü. Fir d’musikalesch Ënnermolung wärend dem Owend huet den DJ Djails mat ofwiesslungsräicher Danzmusek gesuergt.


Fotoën / Text: Tom Lehnert