Porte Ouverte vum neie Schoulgebai zu Useldeng

Den 9. Juni 2023 hat de Chantier vum neie Schoulgebai seng Dieren fir d'Useldenger Bierger opgemaach. Nodeems de Buergermeeschter Pollo Bodem an de Schoulpresident Gilles Groben d'Leit an hirer Ried begréisst hunn, hunn d'Schoulkanner, flott Dänz a Gesang presentéiert.

No e puer Lidder vum Jugendensemble vun der Useldenger Musik hunn d'Architekten déi sëlleg Leit mat op eng Visitt an d'Schoulgebai geholl, an hunn hinnen do déi néideg Explikatiounen ginn. Esou konnten sech d'Leit e Bild vum Fortschrëtt vum Chantier maachen.


Mat engem Patt a Gegrills, sou wéi Kanneranimatioun gouf dës Porte Ouverte ausklénge gelooss.


Wichteg ass ze betounen, dass dëst e ganzt nohaltegt Gebai wäert gi mat der Energieklass AAA, enger Solaranlag an enger Installatioun vu Reewaassernotzung. Dës Extensioun wäert et eis erlaben, am ganzen 310 Kanner ze empfänken. Och d’Léierpersonal gouf an dësem Kader concertéiert, fir d’Gebai beschtméiglech un hir an de Kanner hir Besoinen unzepassen.