Qualitéitslabel « Superdreckskëscht » fir d'Gemeng Useldeng.

Qualitéitslabel « Superdreckskëscht » fir

eng ekologesch Offallgestioun.


D'Gemeng Useldeng gouf ausgezeechent mam Label „Superdreckskëscht fir Betriber“. Dësen Label entsprécht den Fuerderungen vun der DIN EN ISO 14024.

Den Gemengenatelier „Op Weidfeld“, den Schoulkomplex souwéi d ‘Gemengenhaus op der Buerg goufen ënnert d’Lupp geholl, an mir kruten gewisen wéi all Zort vun net-organeschem Offall ze entsuergen ass. Administrativ muss alles genee festgehale ginn fir eng 100% Traçabilitéit ze garantéieren. Eng Sammelplaz gouf am Gemengenatelier ageriicht fir den Tri vun all Offall ze maachen.

Vum Pabeier iwwert déi eidel Tonercartouchen an der Gemeng, Faarwen, Batterien, Pech aus der Schoul bis hin zu Frittefett aus der Maison Relais; donieft Ueleg, Seefbidon’en, Plastik a Styropor aus eisem Gemengenatelier. Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller wou d'Gemeng Useldeng zesummen mam Partner „Superdreckskëscht“ fachgerecht entsuergen.

Fir och dem Bierger ee klengen Service méi unzebidden, gouf an der Gemeng, respektiv an der Schoul eng Sammelplaz fir Batterien aus dem alldeeglechen Haushalt ageriicht.

Sou dréit jiddereen zu enger nohalteger Offallgestioun bäi, schount déi natierlech Ressourcen an reduzéiert CO2-Emissiounen.