AGT Léiergang 2011 fir Pompjeeën aus den Nordkantonen

Zesummen an Formatioun. Eng wichteg Saach!

De Kantonalverband vun de fräiwëllegen Pompjeeën aus dem Kanton Réiden huet um Sonndegmoien den AGT-Léiergang ( Atemschutzgeräteträger Lerhrgang ) 2011 lancéiert.
Esou wéi de Kantonalverband Réiden dat scho laang mécht, hunn si de Cours an de Kantonen Réiden, Wolz; Klierf a Veianen ausgeschriwwen. De Wössensduuscht war do.
23 Stagiären aus deenen 4 Kantonalverbänn sinn ugetrueden fir dës wichteg Formatioun ze maachen. Nodeems si all vum Kantonalpresident Patrick Juncker an dem Kantonalinstrukter Fernando Ferreira begréisst an iwwert den Inhalt vum Cours informéiert guffen, sinn Stagiären elo gefuerdert fir während 3 Sonndeger theoretesch Formatioun an dem Emgang mam Otemschutzgerät, ze absolvéieren ier si den 28. November den theoreteschen Test mussen ofleeën.
Ass deen Test bestan, da wäerten si bis zum spéiden Fréijoer di praktesch Formatioun kréien. Dës besteet aus engem Dag Hohlrohrstrahltechnik, den Duerchgang an der Otemschutzstreck a Wärmegewöhnungsanlag bäi der Nationaler Pompjeesschoul a gëtt definitiv mat verschiddenen Exercicen vun der 1. Stuf am RAGTAL ( Regionale Atemschutz-Geräte-Träger-Ausbildungsanlage ) an der Ostregioun zu Waasserbëlleg ofgeschloss. Vill Erfolleg fir hier Ausbildung.